Klang a Rhythmus – Wéi lauschtert ee Literatur, wann een net méi héiert? Méindeg, de 25. September um 19.30 am Mierscher Literaturhaus.

D’Literatur ass Klang an d’Literatur beschreift Kläng an akustesch Momenter. Esouguer, wann een net haart liest, huet all literareschen Text eng eege Melodie, e Sound. D’Paule Daro, de Jhemp Hoscheit an de Nico Helminger droen esou Passagen aus hiren Texter vir, an deene Kläng a Rhythmus eng wichteg Roll spillt. D‘Liesung gëtt fir déi Héiergeschiedegt a Gebäerdesprooch iwwersat. Weitere Informationen